Portiragnes-Plage läit am Hérault, an der Regioun Languedoc Roussillon am Mëttelmierraum. An der Emgéigend breet sech eng Palette vu wonnerschéinen Landschaften an archeologesche Siten, Naturraum, Pittoresker an och historesch a kulturell Stied.


Déi schéin Küst mat hiren klengen Buchten an den rengen Sandstränn verleeft vun der Grande Motte bis op Valras-Plage. Fëscher Häfen z.B um Cap d’Agde an zu Sete oder déi flott Yachthäfen zu Frontignan an zu Palavas sinn kukenswert. Déi vill Kanäl hunn der Géigend den Numm ginn “Venedig vum Languedoc”

Portiragnes-Plage ass ideal fir eng schéin an erhuelsam Familljen Vakanz. Déi kleng Uertschaft empfänkt hir Vakanze Gäscht mat dem europäeschem “bloen Fändel” deen zënter villen Joren Qualitéit vun hiren Waasser a Plagen certifiéiert. Mee och de “Grenge Label” beweist de Respekt mat der Ëmwelt an der Communautéit.

Dir kënnt zu Fouss oder mam Vëlo laanscht de Canal du Midi furen oder mat engem Boot een gemittlechen Dag iwwert deem rouechen Waasser an deenen zahlreichen Schleisen verbréngen.

Zënter 1996 ass Portiragnes Plage op der Lëscht vun der UNESCO World.

***************** Hei feelt eng Foto **************

 

***************** Hei feelt eng Foto **************

Schéin Cabanen an der Emgéigend vun Portiragnes Plage