Eis Haus leit am Sunparks zu De Haan.

Am Park kann een mat den Kanner an den Kidsworld goen. Do kennen sie dann sprangen, hopsen, kloteren, rutschen, spillen asw

Vir déi Kleng an awer och vir dei Grouss get et eng Schwemm mat Rutschen, Wellenbad, Wirhl Pool an e klengen Baseng fir déi kleng Butzen.

Wann een leiwer Sport mecht, kann een Tennis, Badminton, Ping Pong, Squash oder Minigolf spillen.

Wann een dann midd ass kann een an den Wellness goen wou et Saunaen, een Dampfbad an Massagen get.

Um Wee vir zereck ant Haischen kann een an der Epicerie akaafen an selwer kachen, oder sech Iessen bestellen oder einfach direkt am Centrum eppes guddes Iessen.

Restaurant:

Kidsworld

Schwaemm mat de Rutschen, Bassengen an gemittlech Liejen