Eist Haischen huet 3 Doubel-Schlofzëmmeren, 2 Buedzëmmeren, e gemittlechen Wunnraum an eng komplett ageriichten Kichen. Vir déi ganz waarm Summerméint ass et méiglech Klimaanlag ze notzen. Am Park sinn 2 Schwemmen, eng mat engem Baseng deen gehetzt ass, an eng mat neien, modernen Rutschbunnen an een flotten Kannerbaseng, eng schéin Kannerspillplaz, een Tennisfeld mat Basket Kierw, Beachvolley Ball. Net ze vergiessen dass all Dag op der "Petangspiste" gespillt gëtt ..... an e Pättchen am Bistro kann gedronk kann ginn. An de Summerméint gëtt Animatioun fir Kanner an Erwuessener ugebueden.
.jpg)
Bis bei d’Mier an bei Restaurant/Geschäfter sinn et zirka 400 m, daat heescht, et kann een bequem zu Fouss op de Strand oder bei de Bäcker an Metzler goen. Am Park kritt een och Moies Baguetten/Bréidercher bei engem klengen Bäckerstand (100m) an am Summer gëtt et och erëm e klengen Imbiss am Agaang vum Park.
Größere Kartenansicht
Eist Haischen leit, zimlech um Enn am Domaine, an engem roueg Wee, keen Durchgangsverkéier. Schied fënnt een am Summer ënnert dem groussen Terrassendach an et huet een, wann ee wëllt, d'Sonn bis se schlofen geet. Plaz virun der Garage (wou eis Vëloen dra stinn) fir en Auto ze parken oder, alternativ, op engem vun eis vir ganz Joer gelounten privat Parkplaz am Park. Mir hunn Vëloen an allen Gréissten fir Erwuessener an fiert Kanner an och déi ganz Kleng kennen am Kannerstillchen mam Vëlo matfueren.
