Ob dëser an den folgenden Säiten fënnt een all Informatiounen iwert eist Haischen ob der Belscher Plage zu De Haan mat villen Informatiounen an Insider Tipps vun der Ëmgéigend.
Haus kann vun bis zu 6 Persounen genotzt gin.
Um éischten Stack ginn et 3 Schlofzëmmeren, eent mat 3 Better, eent mat 2 Better an een Eenzelzëmmer. Een Kannerbettchen ass och do.
Um Rez-de-chaussée ass Kichen, komplett ageriicht (mat Spullmaschinn, Combi-Mikrowell/Schäffchen, groussen Frigo an Tiefkühler).
Living mat Fotellen wou een och zu 6 gutt Plaz huet, digitale Fernseh (RTL Lëtzebuerg), DVD Player,
Niewent der Kichen ass Buedzëmmer mat enger Buedbidden, enger Wäschmaschin an engem Trockner. Niewendrun an eng separat Toilett.
Hannert dem Haus ass eng grouss Terrass mat engem gebauten Grill. Ronderëm Haus ass iwwerall gréng Wiss déi mat Hecken emgin ass. E pur Beem suergen am Summer fir Schied.
Am Parc, wou eist Haischen leit, gëtt et eng “Riesenschwämm”, Wellness Méiglechkeeten, en “Kidsworld”. Sport (Tennis, Badminton, Ping Pong, Squash) kann een do genau sou gutt maachen wei Minigolf (mat 18 Lächer) spillen.
Akaafsméiglechkeeten gëtt et genau sou wei verschidden Restauranten .
Vum Park aus ass een zu Fouss an 10 Minutten an den Duinen/ Strand, wou souwuel grouss wei och kleng richtech Freed kennen hun.
Mat der “Bimmelbahn” oder mam Auto (oder Vëlo) ass een schnell zu Blankenberge, Oostende, Brugge an Emgéigend
D'Haus leit am Sunpark. Hei ass een Plang vum Park mat der Markeirung wou Haus sech befent.
Größere Kartenansicht